
Wéi d'Polizeipräsidium Trier matgedeelt huet, ass e Freideg de Moie géint 6:30 Auer eng Joggerin, déi am Bësch bei Waldweiler ënnerwee war, op een 21 Joer ale Mann getraff, dee mat zwee Messeren arméiert war. Déi menacéiert Fra gouf awer net blesséiert a konnt sech zu Fouss a Sécherheet bréngen, ouni dat de Mann hir nogelaf ass.
Wéi d'Police mellt konnt d'Polizeinspektion Hermeskeil de Verdächtegen am Bësch lokaliséieren, ma deen huet d'Been an de Grapp geholl an huet seng Messer dobäi zeréckgelooss. Opgrond vun enger Persounebeschreiwung konnten d'Beamten duerno awer d'Wunneng vum Verdächtege fannen, wou hie géint 8 Auer dann och fonnt a festgeholl konnt ginn. Hien huet sech net gewiert.
De jonke Mann wier der Police no warscheinlech an engem psycheschen Ausnamezoustand gewiescht. Wärend hie festgeholl gouf, hätt hie gutt mat de Beamte kooperéiert. Géint de Mann gëtt elo wéinst Menacen ermëttelt an hie gouf an eng psychiatresch Unitéit bruecht.