
D’Persoune konnte vunenee getrennt an d’Situatioun berouegt ginn.
Just eng Persoun vun den Involvéierte wollt sech weiderhin net berouegen an huet ugefaange mat de Beamten ze jäizen, Mordmenacë géint aner Persounen ze äusseren an de Verkéier ze stéieren andeems e sech op d’Strooss gestallt huet.
Well den alkoholiséierte Mann eng Gefor fir sech an anerer war, koum hien an den Arrest.
Alkohol um Steier
E puer Chauffere sinn dann och nees de Permis lass. An der Rue du Chemin zu Déifferdeng gouf e Samschdeg am spéiden Nomëtteg een alkoholiséierten Automobilist erwëscht. No engem positiven Alkoholtest huet hie säi Führerschäi missen ofginn.
Da war e Sonndeg de Moien op der Place d’Argent an der Stad e Mann mat sengem Gefier ze séier an deels op der Géigespuer ënnerwee. Och hien hat ze vill gedronk an de Permis gouf agezunn. Quasi déi nämmlecht Zäit ass de Beamten e Chauffer op der Kräizung tëscht der Rue Bender an der Rue du Laboratoire wéinst sengem Fuerstil opgefall. Och hei war Alkohol am Spill an et gouf e provisorescht Fuerverbuet.
An da war nach an der Hollerecher Strooss an der Stad e Gefier am Zickzack ënnerwee. De Chauffer gouf kuerz drop vun der Police gestoppt. Den Alkoholtest war positiv an de Führerschäi fort.