Aus dem PolicebulletinMann randaléiert op der Gare - Police fënnt 62 Gramm Haschisch bei him

RTL Lëtzebuerg
D’Police mellt e Mëttwoch de Moien e Mann, deen hënt kuerz no Mëtternuecht am Garer Quartier randaléiert huet.
© WLADIMIR BULGAR/SCIENCE PHOTO LI WBUScience Photo Library via AFP

Wéinst sengem aggressive Verhalen, well en den Ordre public gestéiert huet, an och well hien eng Gefor fir sech selwer war, hunn d’Beamten decidéiert, hien an eng Ausniichterungszell ze setzen. Virdru gouf hien awer nach vun engem Dokter ënnersicht. Bei enger Kierperduerchsichung hunn d’Beamten iwwerdeems beim Mann nach 62 Gramm Haschisch fonnt.

Géint Mëtternuecht um Dënschdeg den Owend gouf der Police zu Esch ausserdeem nach een Auto gemellt, dee geféierlech Manövere gefuer ass. D’Beamte konnten den “offensichtlech alkoholiséierten” Chauffer kuerz Zäit drop fannen. No engem positiven Alkoholtest krut hien de Fürerschäin ofgeholl.

Back to Top
CIM LOGO