
Hie krut virgehäit, tëscht 2015 an 2017 eng 9.800 Fotoen a bal 75 sou Filmer besiess ze hunn. Op den eppes iwwer 9.100 sougenannte „Bikini-Biller“ ware Meedercher vu 6 bis 14 Joer drop. Dem zoustännegen Enquêteur vun der Police judiciaire no wären déi och als Kannerpornografie ze bezeechnen.
De Polizist sot, et wär een am Ufank vun Europol doriwwer informéiert ginn, dass op e Lëtzebuerger Computer eng kannerpornografesch Foto eropgeluede gouf. Dorop wär e Meedche vu 6 bis 10 Joer ze gesi gewiescht. No Recherchë wär een op eng Fra gefall, där hiren deemolege Mann a Verdacht koum. Am Mäerz 2017 koum et zur Perquisitioun doheem, ma de Mann war dee Moment op der Schaff. Um Policebüro hätt hien direkt alles zouginn a betount, zanter 10 Joer mat Kannerpornografie ze dinn ze hunn. Hie wär duerch Zoufall dorop gestouss, et hätt hien interesséiert, hien hätt dono gesicht a wär net méi dovu fortkomm. De Mann hätt sech wuel gesot „Elo halen ech op!“, hätt awer dunn nees sou Säite gekuckt. Hien hätt och Fotoe getosch, wär awer erliichtert gewiescht, wéi d'Police koum, fir kënnen Tabula rasa ze maachen, sou den Enquêteur.
De Beschëllegten huet erkläert, hie wär effektiv frou gewiescht, wéi et eriwwer war, an hie wéisst net, wéi hien do erarutsche konnt. Wouropshin d'Presidentin vum Geriicht gemengt huet: „Do rutscht een net einfach sou eran! Dat ass keen Zoufall!“ Woumat de Mann, deen a reegelméisseger Behandlung ass, averstane war. Säin Affekot huet ënnerstrach, dass de Client näischt kontestéiert, alles zouginn a matgeschafft hätt an eben och a Behandlung wär. Dofir huet de Me Philippe Penning ëm Gnod fir de Mann gebieden, dee kee Casier huet.
D'Vertriederin vum Parquet huet positiv ervirgehuewen, dass den Ugekloten alles zouginn, no Hëllef gesicht an dem Psychiater och gesot hätt, wourëms et goe géif. Si huet dowéinst, nieft enger Geldstrof, zwee Joer Prisong mat Sursis probatoire gefrot, woubäi d'Oplo am psychiatresche Suivi vum Mann bestéing.
D'Uerteel gëtt den 23. Januar gesprach.