KannerpornografieMann vun 28 Joer muss sech viru Geriicht veräntweren

Lynn Kayser
Et gouf him reprochéiert, tëscht 2016 an 2017 ronn 160 sou Fotoe gehat ze hunn, op deenen an der Haaptsaach Meedercher vu 6 bis 14 Joer drop waren.
© AFP

Prozess Kannerpornografie / Reportage Eric Ewald

Déi relativ kleng Zuel u Biller war dem zoustännegen Enquêteur vun der Police judiciaire no dorop zréckzeféieren, dass den Ugekloten, wéi deen ausgesot hat, „a Panik Saache geläscht hätt“.

Hie wär dovun iwwerzeegt, dass wesentlech méi um Computer war, sou de Polizist. Op d'Remark hi vun der Presidentin vum Geriicht, d'Läsche wär also e wëllenentlechen a wesentlechen Akt gewiescht, huet den Enquêteur geäntwert, de Beschëllegten hätt net Sportssäite geläscht, mä kannerpornografescht Material. De Mann hätt reegelméisseg sou Säiten opgeruff a wuel och Filmer geläscht, därer keng ze fanne waren.

No der Informatioun duerch Europol, dass iwwer eng Lëtzebuerger IP-Adress eng kannerpornografesch Foto mat engem Meedche vun 8 bis 10 Joer drop eropgeluede gi wär an no Recherchen, wär et am Juli 2017 zu enger Perquisitioun bei den Eltere vum Mann komm. Well de Papp déi Zäit, wéi déi Foto eropgeluede gouf, am Spidol loung, koum de Fils an de Fokus, deen hätt d'Faiten net direkt zouginn, mä fir d'Éischt emol no de Strofe gefrot, déi sou eppes kéint no sech zéien. An der Auditioun hätt de Mann fir d'éischt vun Zoufall geschwat an dono en Aveu gemaach. Hien hätt sou Fotoen a Stresssituatioune gekuckt, hat hien erkläert, wat fir de Polizist, Zitat, „net nozevollzéien“ wär. Et wär him kloer, dass dat net richteg war, huet den Ugeklote gemengt. Op d'Fro vun der Riichterin, firwat een no sou eppes sicht, huet hie geäntwert, hie wéisst et net. Hie wär a Behandlung an hätt d'Hannergrënn vun deene Biller erkläert kritt, sot de Mann, dee keng Zuel dozou nenne konnt, wéi vill hie geläscht hätt. Vill wär et awer net gewiescht.

Nodeems de Me Modert, Affekot vum Beschëllegten, eng Suspension du prononcé fir säi Mandant gefrot hat, dat heescht et géif wuel festgehale ginn, dass Feeler geschitt sinn, dofir awer keng Strof gesprach ginn, huet d'Vertriederin vum Parquet 18 Méint Prisong mat Sursis probatoire - mat der Oplo vum weidere Suivi - an eng Geldstrof fir de Mann verlaangt.

D'Uerteel ass fir den 23. Januar.

Back to Top
CIM LOGO