
Op Nofro huet de Parquet um Dënschdeg confirméiert, dass e Mann vun 32 Joer an Untersuchungshaft zu Suessem sëtzt. Eng Instruktioun géif lafen.
Am Policebulletin stoung e Sonndeg, dass d’Beamten op der Plaz e Mann an eng Fra ugetraff haten. De Mann wier onkooperativ gewiescht a wier e Sonndeg de Moie beim Untersuchungsriichter gewiescht.
Weider Detailer sinn den Ament net bekannt. Wéi bei all Enquête gëllt och an dësem Fall d’Présomption d’innocence.