Prisong, Fuerverbuet a SchuedenersatzMann wéinst déidlechem Accident am September 2017 veruerteelt

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg de Moien gouf um Stater Geriicht d'Uerteel gesprach an der Affär ëm en déidlechen Accident am September 2017.
© AFP

Zwee Joer Prisong mat Sursis, ee Fuerverbuet vun zwee Joer mat Ausnam vum Wee fir op d'Schaff an ee vun 21 Méint mat Sursis. Déi Strof gouf en Donneschdeg de Moien um Stater Geriicht um Enn vum Prozess ëm en déidlechen Accident, am September 2017, gesprach. De Mann muss donieft 8 Parties-civillen am Ganze ronn 160.000 Euro Schuedenersatz bezuelen.

Tëscht Bartreng an Dippech waren deemools eng Fra vun 22 an e Mann vun 28 Joer gestuerwen. Den elo Veruerteelten hat dee Moment net grad 2,2 Promill Alkohol am Blutt. Nuets war hien op déi aner Stroossesäit geroden an an e Gefier gerannt, dat entgéint koum. Dee Won hat doropshin e Bam ze pake kritt. De Mann selwer war net blesséiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO