
Op Nofro huet de Parquet konforméiert, dass de Mann an Untersuchung ass.
D’Police krut um Dënschdeg e Mann gemellt, dee virun der Aarbechtsplaz vu senger Ex-Partnerin op der Lauer louch. Eng Patrull konnt hien dunn op der Plaz stellen. D’Police huet de Mann och schonn an der Vergaangenheet protokolléiert, well hien dem Affer widderhuelt nogaangen ass. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl a virun den Untersuchungsriichter bruecht. De Mann setz elo zu Suessem an der Untersuchungshaft.