DiddelengMann zoppt Auto vu Fra - mat Alkohol an ouni Permis

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Samschdeg géint 3 Auer huet sech eng Fra bei der Police gemellt, well hire Partner mat hirem Won ugedréckt war.

Domat net genuch: Iwwerdeem si geschlof hätt, esou d'Fra vun Diddeleng zu der Police, wieren och hir Bankkaarten ouni Ukënnegung an ouni Accord matgoe gelooss ginn.

D'Fra huet wësse gedoen, datt si eng Plainte wéilt maachen, an huet och driwwer informéiert, datt hire Partner guer kee Fuererschäin hätt.

D'Police huet sech op d'Sich gemaach ... an de Mann ass grad du zoufälleg och schonn an eng Kontroll zu Esch an der Lëtzebuerger Strooss gefuer.

Am Auto waren dräi Persounen, bei hirer Kontroll gouf festgestallt, datt de Chauffer gedronk hätt, wat den Test dunn och confirméiert huet.

De Parquet gouf informéiert an de Mann muss sech elo veräntweren, well en en Auto geklaut a géint de Code de la route verstouss huet.

Weider Police-Asätz wéinst Alkohol oder Drogen

Zu Bouneweg an der Rue Pierre Krier huet e Freideg den Owend um 21.40 Auer en Automobilist Foussgänger bei engem Zebrasträifen net eriwwergelooss - hien hat ze déif an d'Glas gekuckt.

Zu Bäreldeng gouf e Freideg den Owend um Parking bei der Kläranlag en Auto kontrolléiert, aus deem et no Marihuana geroch huet. Eng kleng Quantitéit Droge gouf fonnt, géint de Chauffer louch ewell e ministerielle Fuerverbuet vir.

An der Nuecht op e Samschdeg géint 2.30 Auer gouf zu Diddeleng en Auto gestoppt, dee Slalom gefuer an och e puer Mol iwwer den Trëttoir gefuer ass. De Chauffer, esou d'Police, hat däitlech ze vill intus.

D'selwecht goung et engem Chauffer géint 4 Auer am Rond-point um Fridhaff.

Back to Top
CIM LOGO