Um Geriicht an der StadMann zu 1,5 Joer Prisong op Sursis an enger Geldstrof vun 2.000€ verurteelt ginn

RTL Lëtzebuerg
Am Januar 2020 war de Mann mat sengem Camion op der Areler Autobunn an d'Enn vun engem Stau gerannt. Zwou Frae waren deemools gestuerwen.

Derbäi kommen Entschiedegunge fir d’partie civilie vun e puer 100'000 Euro.

De Mann hat déi maximal erlaabte Fuer-Zäit ëm 18 Minutten iwwerschratt, hie war iwwermidd an net méi capabel ze fueren, hat d’Enquête erginn.

Artikel vum Januar 2020: Camion rennt an Enn vu Stau - 2 Frae bei Karambolage op der A6 gestuerwen

Back to Top
CIM LOGO