
Dofir wären d’Mediatioune wéinst Reklamatiounen an de Beräicher Telecom, Energie a Postservicer awer méi komplizéiert ginn. Den Direkter Luc Tapella mécht déi Entwécklung doru fest, dass d’Leit haut och duerch d’Offer vum ILR besser informéiert sinn an déi einfach Fäll guer net méi beim Institut landen.
122 mol gouf den ILR zejoert fir eng Mediatioun gefrot. 2022 waren et am Ganzen 148 Fäll. Mat 84 ugefrote Mediatiounen zejoert war de Beräich Telecom am meeschte betraff. Dacks hunn d’Clientë Problemer signaliséiert, wa si hir Telefonsnummer vun engem Operateur bei en neien transferéiere wollten. Bei de 25 Tëschefäll am Beräich Energie goung et dacks ëm d’Facturatiounen.
76 Prozent vun all de Litigë konnten duerch eng Prozedur vum ILR gereegelt ginn. An 39 Prozent gouf et en Accord. An 23 Prozent huet den Defendeur, also meeschtens den Operateur, refuséiert an eng Mediatioun ze goen. Den ILR huet en Dënschdeg eng nei App annoncéiert. De Service smartcompare.lu, fir Telecom-Offeren ze vergläichen, gëtt et vun e Freideg un an der mobiller Versioun fir de Smartphone an den Tablet.