Wéinst der Pandemie war et am Alldag nämlech dacks net einfach, sech Gehéier ze verschafen. D'Monica Camposeo huet eng Persoun getraff, déi zanter kuerzem op de sozialen Netzwierker iwwer d’Thema Trans opkläre wëll.
An Opklärung ass néideg, well d’Lia Lilith de Oliveira ass reegelméisseg mat Diskriminatioune confrontéiert. Dës Woch nach gouf en diskriminéierend Pechbild op hir Bréifkëscht gepecht. Mam Instagram-Account Trans Educatioun Lëtzebuerg mécht si zanter knapp zwou Wochen op Begrëffer a Problematiken opmierksam. Zum Beispill:
Lia Lilith de Oliveira: "Mat der Krankekeess ass de grousse Problem, et muss ee sech psychopahologiséieren loossen. Dat heescht, et muss een eng Diagnos vun Dysphorie de Genre hunn. Et sinn net vill Psychiateren zu Lëtzebuerg, déi iwwerhaapt dorop ausgebilt sinn. Da muss de Formulaire op eng gewëssen Aart a Weis ausgefëllt sinn fir d'CNS. Wou et da mol ka sinn, dass d’Pabeiere falsch sinn an dann ass e Refus fir verschidden Traitementer."An dat ka psychesch immens belaaschtend sinn.
Persounen aus der LGBTQI+ Communautéit gesi sech duerch verschidde Gesetzer nach ëmmer, och hei am Land, diskriminéiert. Dat ass zum Beispill de Fall, wann eng homosexuell Koppel eng Famill grënne wëll.
Andy Maar, Rosa Lëtzebuerg: "Ugeholl eng Koppel aus zwou Frae wëllen e Kand kréien, déi eng Fra kritt dann d’Kand, dann ass déi aner Mamm net automatesch déi zweet Mamm, mä si muss fir d’éischt eng Adoptioun maachen an dat dauert eng gewëssen Zäit. Wärend där Zäit kann déi zweet Mamm awer net vun alle Rechter, déi en Elterendeel huet, profitéieren, an ugeholl et géing elo eppes Schlëmmes passéiere bei der enger Mamm, dann hätt déi aner Mamm net alleguerten d’Rechter vum Kand, also fir sech ëm d’Kand ze këmmeren."
Fir op genee esou Situatiounen aus dem Alldag opmierksam ze maachen, ass déi aktuell Pride Week mat Filmowenter an Diskussiounsronnen anescht wéi d’lescht Joer, en présence an net just digital.
Dacks gëtt Pride awer nëmme mat opwännegen, faarwegen Shows a Verbindung gesat. Dobäi dierft et net bleiwen.
Lia Lilith de Oliveira: "Ech si mol ganz frou, dass en Debat am Escher Theater ass, deen och politesch ass. Et muss méi am Politeschen a manner am Entertainment geschafft ginn. Dat heescht, och wann Transday of Rememberance ass, virun zwee Joer huet en Transmann vun senger Erfarung erzielt an dat eenzegt, wat vun der Transfra komm ass, war dann eng Show. A mir musse kënnen e bëssen dovunner wechkommen."
Fir eben och um politesche Plang wouergeholl ze ginn. Och dowéinst setzt sech d’Lia Lilith de Oliveira op de soziale Medien an. Mat méi Opklärung soll dann och e Liewen ouni Diskriminatioun méiglech sinn.
Hei geet et bei de Programm vun der Pride Week zu Lëtzebuerg.