
D’Beamten hunn dowéinst d’Poursuite opgeholl. Tëscht Briddel a Steesel dunn hat de Won en Accident an déi dräi Passagéier aus dem Auto sinn doropshi fortgelaf. Mat Hëllef vum Policehelikopter an der Hondsstaffel konnte si dunn am Bësch erëmfonnt ginn, si all waren onverletzt.
All d’Persoune koume mat op de Policebüro an de Chauffer konnt séier ermëttelt ginn: Well dësen nach Mannerjäreg war, konnt hie kee Permis hunn. Weider war den Auto weder richteg ugemellt nach verséchert. Dowéinst huet de Parquet och den Auto saiséiere a Protokoll erstelle gelooss.