
De Marc Serres, deen tëscht 2018 an 2026 Generaldirekter vun der Luxembourg Space Agency, ass elo Chief Business & Growth Officer bei Anywaves. Anywaves ass eng europäesch Firma, déi sech op Weltraum-Technologie spezialiséiert, méi genee op Antennen an Technologien am Kader vu Radiosfrequenzen. D'Firma selwer ass a Frankräich an zu Lëtzebuerg aktiv.

Déi rezent Fusioun tëscht Anywaves an EmTroniX, mat Standuert zu Lëtzebuerg, huet dann och dozou gefouert, dass de Marc Serres den neie Poste iwwerholl huet.
D'Firma huet wëlles a Zukunft seng Positioun um Marché vun der Weltraum-Technologie ze stäerken a sech och international méi auszebreeden an z'etabléieren.