Nei Europadeputéiert fir d'CSVMartine Kemp ersetzt Christophe Hansen

Pierre Weimerskirch
De Christophe Hansen hëlt säi Mandat an der Chamber un an ass dofir nëmmen nach bis den 23. Oktober Europadeputéierten.

Bei de Chamberwalen den 8. Oktober gouf de Christophe Hansen Zweetgewielten am Norden an huet direkt de Sprong an d’Chamber gepackt. Säin europäescht Mandat gëtt hien elo of un d’Martine Kemp.

Bei den Europawalen 2019 krut de Christophe Hansen déi meeschte Stëmme bei der CSV, dat virun der Isabelle Wiseler-Lima. Drëtt gewielte war deemools d’Martine Kemp. De Christophe Hansen gëtt de 24. Oktober an der Chamber vereedegt a gëtt dofir den 23. Oktober d’Mandat vum Europadeputéierten op. D’Martine Kemp ass vum 24. Oktober dann Europadeputéiert fir d’CSV.

RTL géintiwwer sot de Christophe Hansen, dass d’Mataarbechter och ënnert der Martine Kemp weider schaffe wäerten.

D’Martine Kemp huet 29 Joer a wunnt zanter kuerzem an der Stad. Sie schafft den Ament fir d’Stad Lëtzebuerg.

D’CSV huet den Ament 2 Europadeputéiert. Déi nächst Europawale sinn de 9. Juni 2024, da ginn nees 6 nei Vertrieder fir Lëtzebuerg an d’Europaparlament gewielt.

Back to Top
CIM LOGO