En neie Master wäert an Zukunft op der Uni Lëtzebuerg ugebuede ginn. D’Uni an de Wirtschaftsministère hunn eng Konventioun dofir ënnerschriwwen. De Schwéierpunkt vum Studium wäert High-Performance Computing sinn. E Pilotprojet gëtt am September d’nächst Joer lancéiert. De Ministère fir Wirtschaft finanzéiert dësen iwwer 3 Joer mat 1,8 Milliounen Euro.
Héichleeschtungsrechner, Analyse vu groussen Datesäz a kënschtlech Intelligenz, dat sinn d’Sujeten, mat deene sech d’Studente vun der Rentrée 2023 un op der Uni Lëtzebuerg kënne beschäftegen.
Claude Meisch:“Et geet virun allem dorëmmer, datt Leit ofschléissen, déi déi néideg Kompetenze matbréngen an déi mat an d’Entreprisen huelen. Déi grouss, awer och déi kleng a mëttelstänneg Entreprisen. Well Potential gëtt et iwwerall.”
Superrechne wier nämlech eng Technologie-Clé fir déi grouss Defie vun haut unzegoen, ënnersträicht den LSAP-Wirtschaftsminister Franz Fayot:
Franz Fayot:“Sief et de Klimawandel, wat een éischter muss haut eng Klimakris nennen oder och d’Energieeffizienz oder aner Beräicher wéi an der personaliséierter Medezin.”
De Masterstudium adresséiert sech u Leit, déi e Bachelor an Informatik hunn oder awer och an der Mathematik, seet de Pascal Bouvry, Responsabel fir den neie Master op der Uni.
Pascal Bouvry: “Fir d’Kandidaten auszewielen, wäerte mer en europäeschen Appel à candidatures lancéieren. En éischte Comité wielt dann d’Kandidaten aus. An dann hu mer en zweete Comité, deen decidéiert, op wéi eng Uni se orientéiert ginn. Déi éischt Promotioun wäerte 50 Studente sinn, an déi zweet 100.”
De Programm gouf an Zesummenaarbecht mat ënnerschiddlechen europäesche Partner opgestallt an déi Europäesch Kommissioun finanzéiert e mat 7 Milliounen Euro.