
Enger Policepatrull war de Chauffer, dee schëtzeg an Direktioun Schuller ënnerwee war, opgefall.
D'Beamten hunn d'blo Luuchten ugemaach a sinn him nogefuer, ma de Chauffer huet dat ignoréiert an esou goung et mat méi wéi 110 um Tacho weider duerch Käerjeng, esou d'Police.
Am Ausgang vun der Uertschaft ass den Automobilist dunn awer stoe bliwwen an hätt, esou d'Police, wësse gedoen, datt e weder matkrit hat, ze séier ënnerwee gewiescht ze sinn, nach datt e Policewon mat bloe Luuchten hanner him war.
De Chauffer gouf protokolléiert, de Permis gouf agezunn.