Permis agezunnMat 174 amplaz 90 km/h iwwer d'A1

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt eng Rei Verstéiss géint de Code de la Route. Zwee Chauffere waren ze séier an een ass a Schlaangelinne gefuer.
Symbolbild Auto op der Autobunn

Wéi d’Police mellt, war eng Patrull wéinst sengem geféierleche Fuerstil op en Auto zu Bäreldeng opmierksam ginn. Bei der Kontroll vum Automobilist ass opgefall, dass dësen ze vill Alkohol gedronk hat. Wéinst dem positiven Test hunn d’Beamten de Permis agezunn.

Op der A1 op der Héicht vum Tunnel Houwald war iwwerdeem en Donneschdeg den Owend géint 22.40 Auer e Chauffer mat 174 Kilometer an der Stonn amplaz vun den erlaabten 90 km/h ënnerwee. Och dësen huet missen de Fürerschäin ofginn.

An der Nuecht op e Freideg war op der A13 a Richtung Péiteng enger weiderer Patrull en Auto opgefall, deen ze séier ënnerwee war. Am Rond-point Biff konnten d’Beamten d’Gefier zwar anhuelen, d’Automobilistin huet awer och op eendeiteg Stoppzeechen net reagéiert an ass einfach weidergefuer. Kuerz drop ass et de Polizisten dunn awer gelongen, d’Fra ze stoppen. Och si hat sichtlech ze vill Alkohol gedronk. Well si den Alkoholtest awer refuséiert huet, huet si de Permis missen ofginn.

Back to Top
CIM LOGO