Covid-19-Task-ForceMat 351 aktiven Infektiounen, signifikativ Hausse par Rapport zu leschter Woch

RTL Lëtzebuerg
Social Distancing, Hygiènesmesuren an en effikasse Contact Tracing sinn essentiell, fir déi aktuell Entwécklung vun der Pandemie nees ze stabiliséieren.
© RTL Grafik Archivbild

Dat schreift d'Covid-19-Task-Force an hirem leschte Rapport, deen e Freideg publizéiert gouf. Dat notamment wéinst der méi ustiechender Delta-Variant, déi mëttlerweil dominant ass an déi de Risiko vun engem Rebond vun der epidemiologescher Lag géing mat sech bréngen, änlech wéi een a Groussbritannien an Israel gesinn hätt. Obwuel d'Impfcampagne viru geet, hätt een an de leschten Deeg eng Hausse vun de Fäll gesinn, déi wuel géing vu sougenannten Infektiounscluster géing ausgoen. Aktuell géing ee vun 351 aktiven Infektiounen hei am Land ausgoen, eng signifikativ Hausse par Rapport zu leschter Woch.

PDF: De Rapport vun der Covid-19-Task-Force

Back to Top
CIM LOGO