
Mat dësem Slogan geet de chrëschtleche Gewerkschaftsbond dëst Joer och an d'Sozialwale fir d'Salariatskummer. An engem struppevolle Sall mat ronn 800 Leit sinn zu Schëffleng och e puer konkret Fuerderunge gestallt ginn.
An dat si kuerz opgezielt d'Stäerkung vun der Kafkraaft, méi Flexibilitéit an der Aarbechtsorganisatioun, d'Ofsécherung vun der Existenz vum Salarié, d'Gläichberechtegung tëscht der Fonction Publique an dem Privatsecteur an d'Digitalisatioun an der Aarbechtswelt. Déi ass dem Nationalpresident Patrick Dury no eng Erausfuerderung am Beräich Dateschutz an an der Deconnectioun vum Salarié. D'Digitalisatioun géif eis Aarbechtswelt déifgräifend veränneren, den Teletravail wier do ee gutt Beispill.
Den LCGB wëll sech dann och vermierkt fir de Schutz vu kranke Salariéeën asetzen, dee soll verbessert ginn, dat duerch d'Ofschafe vun der 78 52-Woche-Reegel, déi eng sozial Guillotine géing duerstellen an eng Schan fir d'Land wier.
Donieft soll et eng Alternativ zum Chômage ginn. De chrëschtleche Gewerkschaftsbond schwätzt sech do fir eng Cellule de Reclassement aus. D'Leit géinge sou séier wéi méiglech opgefaange ginn, net an de Chômage gesat, mä weider vermëttelt ginn. Dëst eventuell mat enger "formation continue". Och déi, déi schwéier ze vermëttele sinn, soll een net einfach zwee Joer am Chômage sëtze loossen.
Dat géing dem Patrick Dury no am beschte mam Employeur an der ADEM zesummen organiséiert ginn.
Et huet ee sech e Mëttwoch bei der Gewerkschaft och houfreg iwwert d'Zuel vun de Membere gewisen. Dem LCGB no hätt ee méi wéi 40.000 Memberen op den éischte Januar dëst Joer gezielt. D'Kandidatelëschte fir d'Sozialwale kann ee sech iwwerdeems um Internetsite vum LCGB ukucken.