No Vegetatiounsbrand am MëllerdallMat Hëllef vun de Bauere konnt Schlëmmeres verhënnert ginn

Christophe Hochard
Vill Pompjeeë waren um Sonndegnomëtteg am Mëllerdall am Asaz. E Feier war op engem Feld ausgebrach.

An der Weidendellt, dat ass de Flouernumm vun där Plaz, wou et um Sonndegnomëtteg am Mëllerdall zu engem Vegetatiounsbrand koum. Ugefaangen hat d'Feier op engem Feld. Et koum ee mat engem bloe A dovunner. "Wann dat eng 1/4 Stonn méi spéit festgestallt gëtt, dann hu mir e grousse Probleem. D'Loft ass gedréit. Am Ufank huet sech alles an der Mëtt vum Feld ofgespillt. Duerch d'Loft ass d'Feier an de Bësch eragedréckt an doduerch hunn d'Kolleegen direkt missen intervenéieren", esou de Buergermeeschter vu Konsdref, Marco Bermes.

Vill Pompjeeë waren am Asaz. Hëllef gouf et och vun de Baueren. "Fir eis war dat eng riseg Hëllef. Si hu mat de Pifffässer d'Waasser erbäibruecht. Wa mir d'Baueren net gehat hätten a gutt reagéiert hunn, da wär et extrem schlëmm ginn".

Vegetatiounsbrand am Mëllerdall
Mat Hëllef vun de Bauere konnt Schlëmmeres verhënnert ginn

Back to Top
CIM LOGO