
Wien an der Lescht an der Regioun ëm Iechternach um Mëllerdall-Trail ënnerwee war, deem ass vläicht en ongewéinleche Flyer opgefall. Als Wanderer ass ee jo gewinnt, op kleng Schëltercher mat Hiweiser iwwer de Wee Uecht ze dinn.
Ma op der Route 1 vum Mëllerdall-Trail am Dräieck Bur-Méischdref-Giwenech, méi genee op der Däiwelskopp (et fënnt een och d'Schreifweis Deiwelskopp), pecht op engem hëlzene Potto e Flyer, deen een do esou mat Sécherheet net erwaart hätt an deen RTL vun engem opmierksame Wanderer erageschéckt krut.
Dorop ze liesen: "Vermisst Sidney Lute".
Geschwë ginn et 10 Joer, datt de Sidney Lute vermësst gëtt. Am Dezember 2016 ass deen deemools 19 Joer alen Hollänner am Elsass verschwonn.
Hien hat sech wuel vu Stroossbuerg Richtung Colmar gemaach, wou säin Handy eng leschte Kéier konnt getrackt ginn. D'Police konnt nach erausfannen, dass hien online Recherchen iwwer Altenberg, en ale Sanatorium bei Colmar, gemaach hat.
Altenberg gëllt als sougenannte "Lost Place". 2011 gouf de Sanatorium nämlech zougemaach, domat hätt eng "nei Agonie" vum Site ugefaangen, wéi lokal Medien et beschreiwen.
D'Spuer vum Sidney Lute huet sech do an der Géigend verluer. Dat war, wéi geschriwwen, viru bal 10 Joer.
Datt een elo och hei am Land Flyere mat Informatiounen iwwer dee Vermësste fënnt, erkläert sech doduerch, datt d'Famill vum Sidney Lute dës uganks des Joers hei op engem Wandertour verdeelt huet. Et hofft ee wuel, duerch déi héich Presenz vun hollänneschen Touristen an déi relativ Proximitéit zum Elsass an zu Holland nei Hiweiser ze kréien.
Fir deen entscheedenden Tipp ass eng Belounung vun 10.000 Euro ausgesat. Dat um Flyer an däitscher Sprooch um Mëllerdall-Trail.
Googelt een den Numm vum Vermëssten, stéisst een am Internet séier op d'Säit vun enger Fondatioun, op där esouguer eng Belounung vun 100.000 Euro an Aussiicht gestallt gëtt: Peter R. De Vries Foundation.

Dem Sidney seng Mamm Natasja gëtt d'Hoffnung och no esou laanger Zäit nach net op. Reegelméisseg reest si a Frankräich oder lancéiert nei Opriff-Aktiounen.
De Gesichte selwer gëtt am Internet als Jong beschriwwen, deen zeréckhalend war, gären an der online Welt gelieft huet, awer och Reese geplangt hat a besonnesch frou mat der Natur a mat senger Fräiheet wat. Dofir hätt him e 40-Stonnen-Job och näischt gesot, gëtt seng Mamm zitéiert. De Vagabondage wier éischter senges gewiescht.
2016 huet de Sidney Lute bei sengem Papp zu Assendelft gelieft. Am Oktober huet hie sech do op de Wee gemaach, mat nach just ganz sporadesche Kontakter zu der Famill, dat bis Dezember, dono näischt méi.
Déi Lëtzebuerger Police ass iwweregens net aktiv mam Fall befaasst, trotz der rezenter Flyer-Aktioun, dat huet si RTL op Nofro confirméiert.