Rapport iwwert Pilotprojet "ALPHA"Zweesproocheg Alphabetiséierung féiert net automatesch zu bessere Leeschtungen an der Schoul

Claudia Kollwelter
Et gëtt bis elo keng kloer Beweiser, datt eng Alphabetiséierung an enger Sprooch, déi méi no un där läit, déi een doheem schwätzt, automatesch zu bessere Schoulleeschtunge féiert.
© RTL

Dat ass eng vun de Conclusioune vum Rapport iwwert de Pilotprojet “ALPHA – zesumme wuessen”, deen zanter e Méindeg public ass. De Rapport war zwar schonn Enn Mäerz fäerdeg, gouf allerdéngs vum Educatiounsministère bis elo ënner Embargo gehalen.

Hei de LINK fir bei de Vote an der Chamber. Et ass jo scho gestëmmt.

PDF Rapport Alpha vum LUCET

Ënnerschiddlech Beräicher goufen analyséiert: Mathematik, mëndlecht Verstoen a Liesverständnis. De Gros vun de Resultater vun de Kanner si ganz änlech, egal ob si op Franséisch oder op Däitsch alphabetiséiert goufen. Nëmmen am Liesverständnis gouf bei enger Grupp vu Kanner, déi op Däitsch ugefaangen hunn, e liicht méi schwaacht Resultat festgestallt.

Och d'Roll vun den Elteren ass analyséiert ginn. Virun allem d'Eltere vun de Kanner, déi op Franséisch alphabetiséiert goufen, hu sech méi zouversiichtlech gefillt, hir Kanner bei de Hausaufgaben ze ënnerstëtzen. Gläichzäiteg gesäit ronn een Drëttel vun den Elteren d'Méisproochegkeet am Lëtzebuerger Schoulsystem als eng Erausfuerderung.

Wéinst der limitéierter Unzuel u Participanten – 37 Kanner am franséische Grupp ALPHA, an 46 am däitschen - kéinten awer nach keng definitiv Conclusioune gezu ginn, heescht et am Rapport an et gëtt recommandéiert, de Projet weider ze evaluéieren an op méi grouss Etüden ze setzen, ier politesch Decisioune geholl ginn.

PDF Schreiwes Ministère

An engem Schreiwes weist de Ministère d'Virwërf zeréck, datt d'Rapporte verspéit public gemaach goufen, well d'Resultater net hiren Virstellungen entsprach hätten.

Rapport Alpha vum Ministère

D’Evaluatiounen, déi gemaach goufen, géife weisen, datt de Projet-Alpha gutt op déi sproochlech Diversitéit an de Lëtzebuerger Grondschoulen äntwert. Gläichzäiteg ënnersträicht och den Educatiounsministère, datt wéinst methodesche Limitten de Projet weider observéiert an d’Resultater virsiichteg interpretéiert musse ginn. Um Dënschdeg kréien iwwerdeems d'Deputéiert aus der Educatiounskommissioun an der Chamber d'Resultater presentéiert.

Back to Top
CIM LOGO