De Sam Neill, dee virun allem duerch seng Roll am Kino-Klassiker "Jurassic Park" bekannt war, ass e Méindeg am Alter vun 78 Joer am Krees vu senger Famill an Australien gestuerwen. Dat huet seng Famill selwer matgedeelt. Säin Doud wier "op eemol an onerwaart" komm an de Filmstar wier och "kriibsfräi" gewiescht-
Den Neill hat 2023 seng Leukemie-Erkrankung ëffentlech gemaach. A senger Autobiographie "Did I Ever Tell You This" huet hie geschriwwen, datt en zanter Mäerz 2022 wéinst engem Non-Hodgkin-Lymphom behandelt géif a méiglecherweis doru stierwe wäert.
Bei engem Interview mam "Guardian" sot den Neill deemools, datt en trotz Succès bei der Behandlung bis zum Enn vu sengem Liewe Chemotherapie maache misst. "Ech kann net sou maachen, wéi wann dat lescht Joer net seng däischter Momenter hat", sot den Neill. Hie wier "dankbar fir all Dag an onmoossbar dankbar fir all meng Frënn".
Dem Sam Neill seng Schauspillkarriär hat an den 1970er Joren ugefaangen an huet him eng Dose Rollen a Filmer an op der Tëlee bruecht, dorënner an der Serie "Peaky Blinders" sou wéi an de Filmer "The Hunt for Red October" an "The Piano". 2022 huet hien an "Jurassic World: Rebirth" op en Neits d'Roll vum Paläontolog Dr. Alan Grant gespillt.