Vott an der ChamberMat neiem Eed soll net méi "fidelité au Grand-Duc" geschwuer ginn

RTL Lëtzebuerg
Wann déi nei Gemengeréit vereedegt ginn, musse si warscheinlech keng "fidelité au Grand-Duc" méi schwieren. Vum 1. Juli kéint en neien Eed a Kraaft sinn.

E Projet de loi, deen en Donneschdeg de Mëtteg an der Chamber wäert gestëmmt ginn, gesäit vir, de Paragraph iwwer d’Trei fir de Grand-Duc ze sträichen an doraus “Je jure d’observer la constitution et les lois, et de remplir ma fonction avec intégrité, exactitude, et impartialité”.

Dat selwecht gëllt dann och fir Fonctionnairen, Deputéiert a Regierungsmemberen.

Eng Resolutioun vun der ADR hätt iwwerdeems gär, dass den Eed net méi reng op Franséisch, mä an enger vun den 3 offizielle Landessprooche soll kënne gesprach ginn.

Back to Top
CIM LOGO