D'Police melltMat verschiddenen Drogen an enger Waff um Tour

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch ass der Police eng Persoun opgefall, déi net ganz legal ënnerwee war. Dobäi gouf op e puer Plazen am Land agebrach.
Police / Brücker Andy
Police / Brücker Andy
© Police / Brücker Andy

E Mëttwoch gouf d’Police vu Beamte vun der Douane op ee verdächtegt Gefier an der Rue du Moulin zu Rolleng opmierksam gemaach. Well den Drogenhond ugeschloen huet, gouf den Auto duerchsicht. Dobäi goufen eng kleng Quantitéit Marihuana, Ecstasy-Pëllen an een Elektroschocker fonnt. Et gouf ee Protokoll geschriwwen.

Uechter d’Land ass et och zu enger Partie Abréch komm. An der Rue Nicolas Steffen-Pierret um Lampertsbierg huet een Onbekannten eng Fënster vun engem Eefamilljenhaus ageschloen an dono e puer Raim duerchwullt.

An der Rue des Roses zu Heeschdref ass een onbekannten Täter duerch eng Kellerfënster an een Haus erageklommen. Hien huet eng Partie Raim duerchsicht an ass mat Bijoue geflücht.
An der Nuecht vun e Mëttwoch op en Donneschdeg gouf een Abroch an een Akafszenter an der Stater Rue Alphonse Weicker gemellt. Eng Policepatrull konnt am Gebai zwou Persoune stellen. Eng Persoun, déi wuel beim Abroch gehollef huet, konnt virun der Dier gepëtzt ginn. Déi Verdächteg goufe mat op de Policebüro geholl an ee Protokoll geschriwwen.

Back to Top
CIM LOGO