GesondheetsministeschMedezinesche Cannabis deels nees op Stock disponibel

RTL Lëtzebuerg
Nodeem iwwer länger Zäit kee medezinesche Cannabis méi an de Spidolsapdikten op Stock war, gouf däers Enn Oktober ronn 14 Kilo geliwwert.
© AFP (Archiv)

Aktuell si vun den 900 geliwwerten Tute mat engem 10% THC-Taux, der nach 300 beim Grossist am Stock. Fir den nächste Mount ass déi nächst Liwwerung vu medezineschem Cannabis geplangt.

Cannabisbléie mat 18% THC ginn et aktuell keng.

Datt et zu Enkpäss vun dëser Substanz koum, ass der Gesondheetsministesch no net op Budgetsrestriktiounen zeréckzeféieren, mee villméi op Liwwerproblemer beim Cannabis-Produzent.

Op d'Quantitéiten, déi d'nächst Joer akaaft ginn, wollt d'Paulette Lenert net agoen. Et géif sech um Verbrauch um Terrain orientéiert ginn.

Dat äntwert d'LSAP-Ministesch op eng parlamentaresch Fro vum Piraten-Deputéiere Sven Clement.

Back to Top
CIM LOGO