RialMéi antisemittesch Incidenten 2020 wéi nach 2019

Tim Morizet
Bis ewell gouf et awer am Grand-Duché nach keng Handgräiflechkeete géintiwwer Judden oder jiddeschen Institutiounen, wéi dat an Däitschland de Fall ass.
© AFP (Archiv)

Den Antisemitismus bléift ewéi am Ausland och zu Lëtzebuerg weider e grousse Problem. Dat geet aus dem Rapport Annuel vum Rial, der Recherche et Information sur l'anitsémitisme zu Lëtzebuerg ervir. Elleng d'lescht Joer wier d'Zuel un Incidenten zu Lëtzebuerg vu 50 dat Joer virdrun op 64 eropgaangen. Et dierft een awer net just Zuele vergläichen, mä och de Kontext vun dësen Incidenten. Den Tim Morizet huet mam ASBL President Bernard Gottlieb geschwat.

RIAL iwwer Antisemitismus zu Lëtzebuerg / Tim Morizet

Lëtzebuerg hätt glécklecherweis den Ament keng Problemer mat Handgräiflechkeete géigeniwwer individuelle Judden oder Institutiounen, ewéi dat zum Beispill an Däitschland aktuell nach ëmmer de Fall ass. Ma besonnesch wärend der Pandemie wieren nees rietspopulistesch Verschwierungen opgedaucht, déi Ruffmord bedreiwen.

Et gouf Verschwierungstheorien a Gerüchter schonn am Mëttelalter. Wann eng Epidemie ausgebrach ass, ewéi d'Pecht am 14. Joerhonnert, da goufen d'Judde beschëllegt, d'Waasser verseucht ze hunn. Elo hu mer den Ament eng Pandemie hei an et ginn erëm Leit, déi dovunner profitéieren, ze soen: et ass de Judden hir Schold. Et gëtt alles vun der Pharmaindustrie projezéiert an hannert dëser Industrie stinn d'Elitten an d'Judden. Dat sinn elo 800 Joer méi spéit an de Mechanismus ass nach ëmmer deen nämmlechten.“

Dës Theorien a weider provokativ, a virun allem antisemittesch Messagen ewéi „Impfung macht frei“ zirkuléiere weider.

Dat sinn elo keng Incidente, wou e Mënsch zu Schued kënnt, mä et ass einfach Symptomatesch an et sinn dann eenzel Fäll wou et net dobäi ophält. Et geet da carrement zur Negatioun vun der Shoah*.“

Déi lescht Méint wieren och ëmmer erëm extrem lénk pro-palestinensesch Gruppen opgefall. Den Israel-bezunnenen Antisemitismus wier nees gewuess, esou de Bernard Gottlieb. Kritik vum Staat Israel wier erlaabt an erwënscht...

Mä wann een elo net méi am Beräich vun der Kritik ass, mä wann et carrement Verdäiwelung ass an eng Gläichsetzung vum Staat Israel mat den Nazie suggeréiert, da sinn dat Saachen, déi net akzeptabel sinn.“

Et wënscht ee sech als Minoritéit virun allem eng Volonté politique, fir näischt duerchgoen ze loossen.

Wat funktionéiert ass, wa méi Aktioun vun der Police a Justiz kënnt wann „Hatespeech“ do ass. Also antisemitteschen, mäe genau esou fir rassisteschen oder homophoben.“

Och an de Schoule misst d'Memoire vun der Shoah an weider sozial problematesch Sujete besser opgeschafft ginn. Esou nach d'Fuerderung vun der Rial.

* Shoah als Wuert beschreift d'Massevernichtung vun de Judden an Däitschland an Europa zur Zäit vum nationalsozialistesche Regimm. Se beschreift den Holocaust.

Back to Top
CIM LOGO