Invité vun der Redaktioun (19. Mee) - Nathalie OberweisMéi dacks neie Wand wier gutt

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch de Moie war d’Nathalie Oberweis, nei Deputéiert vun déi Lénk, eis Invitée vun der Redaktioun.
Invité vun der Redaktioun: Nathalie Oberweis
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Erneierung ass gutt an dowéinst misst een esou eng Rotatioun méi dacks maachen! Dat sot d’Nathalie Oberweis, déi dëse Mëttwoch fir déi Lénk an d’Chamber noréckelt, am RTL-Interview. Hirer Meenung no wier et erfrëschend, aner Leit, Leit vum Terrain, an d'Chamber ze kréien. D'Erfarunge vun den Ex-Deputéierte géingen och net verluer goen, well et géing weider mat hinnen an der Partei zesummegeschafft ginn. Déi nei Deputéiert vun déi Lenk wäert sech an de Kommissioune Logement, Gesondheet, Institutiounen, Finanzen a Kultur engagéieren. Déi aner nei lénk Deputéiert Myriam Ceccheti wäert sech op Educatioun a Mobilitéit konzentréieren.

RTL-News: Wiessel bei déi Lénk - Oberweis an Cecchetti réckelen no um MëttwochD’Nathalie Oberweis sot beim Logement géing et u méi radikalen an u Krisemesurë feelen. D’Besteierung vun eidelem Wunnraum zum Beispill wier scho méiglech, mä géing net genuch applizéiert ginn.

Wat d’Santé ugeet, hätt der Nathalie Oberweis no d'Pandemie gewisen, datt de Gesondheetssystem misst gestäerkt ginn. Leider huet déi nei Deputéiert d'Suerg, datt et do ze vill a Richtung Privatiséierung geet. Ugeschwat op d’Steierdebatte sot d'Nathalie Oberweis, d'Accumulatioun vu Räichtum misst viséiert ginn, ënnert anerem duerch d’Erëmaféiere vun enger Verméigenssteier. Nëmmen esou kéint een der Ongläichheet vun Aarm a Räich Meeschter ginn.

D’Nathalie Oberweis bleift iwwerdeems aktiv beim Comité pour une paix juste au proche orient. Déi nei lénk Deputéiert ass net der Meenung, datt hiren Asaz fir e Fridden am Noen Osten Energie géing kaschten, déi si kéint fir national Theme gebrauchen.

E Mëttwoch de Moie war d’Nathalie Oberweis, nei Deputéiert vun déi Lénk, eis Invitée vun der Redaktioun.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.

PDF: Schreiwes déi Lénk

Back to Top
CIM LOGO