Statec vergläicht GroussregiounMéi Dokteren an Apdikten am direkten Ausland, méi Autoen zu Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuerger Presidence vun der Groussregioun ass eriwwer. Fir de Statec e gudde Moment, eng Kéier dat direkt Ausland mam Grand-Duché ze vergläichen.

E Mëttwoch ass zu Rëmerschen den Ofschloss vun der Lëtzebuerger Presidence vun der Groussregioun, dëst am Kader vun engem Sommet ënnert der Presidence vum Staatsminister Bettel an der zoustänneger Ministesch Corinne Cahen.

Dëse Méindeg ewell liwwert de Statec interessant Donnéeë iwwert dës Regioun laanscht d'Grenze vum Grand-Duché, wou 11,6 Millioune Leit liewen, déi e PIB vun 391 Milliarden Euro generéieren.

Op de Kapp ass dat fir en Awunner an der Groussregioun e PIB vun 77.400 Euro, woubäi dee PIB hei am Land bei bal 128.000 Euro op de Kapp läit.

Interessante Kontrast awer bei anere statisteschen Elementer. Hei am Land kommen 17 Apdikten op 100.000 Awunner, an der Groussregioun ass d'Zuel vun Apdikten op déi selwecht Zuel Leit duebel sou héich. Identeschen Ecart bei der Zuel vun Generalisten op 100.000 Awunner: an der Groussregioun sinn et 166 Dokteren, hei am Land ronn 90.

Anert Bild dann nees bei den Autoen: op dausend Awunner ginn et hei am Land 670 Gefierer, an der Groussregioun sinn et der 563. Alles an allem ginn an der Groussregioun iwwer 6,5 Milliounen Autoe gezielt.

E Phenomen, dee fir d'ganz Groussregioun zielt, ass deen, fir iwwert d'Grenze schaffen ze goen. Alles an allem sinn et all Dag eng 240.000 Frontalieren, déi iwwert eng vun de Grenzen fueren, fir op hir Schaff ze kommen. Zur Groussregioun zielt nieft Lëtzebuerg, d'Saarland, Rheinland-Pfalz, d'franséisch Regioun Lorraine/Grand-Est an déi Belsch Wallonie.

No Lëtzebuerg iwwerhëlt d'Saarland d'Presidence vun der Groussregioun.

PDF: De Communiqué vum Statec

Back to Top
CIM LOGO