Am AppellMéi Entschiedegung fir Affer vu Mënschenhandel gefrot

RTL Lëtzebuerg
Amplaz 5.000 Euro sollten et 29.000 Euro ginn, 1.000 Euro Mount, an deem d'Affer exploitéiert ginn ass.

Op der Cour d'appel an der Stad huet e Mëttwoch an enger Affär vun ë.a. Mënschenhandel den Affekot vum Affer méi Entschiedegung fir säi Client gefrot.

Hat deen am Juni um Stater Geriicht 5.000 € Schuedenersatz zougesprach kritt, huet säin Affekot elo, grad wéi an 1. Instanz, 29.000 € gefrot; dat wären 1.000 € pro Mount, deen d'Affer exploitéiert gi wär.

D'Appelluerteel um zivilrechtleche Plang ass fir den 23. Januar.

Am 1. Prozess war eng Koppel - nieft dem Schuedenersatz - zu allkéiers annerhallwem Joer Prisong mat Sursis an zu enger Geldstrof vun 3.000 € veruerteelt ginn.

Der Koppel war ë.a. virgehäit ginn, an hirem Restaurant zu Réimech Leit schwaarz schaffe gelooss an onreegelméisseg bezuelt ze hunn; d'Faite goungen op den Zäitraum tëscht Juli 2014 an Dezember 2016 zréck.

Back to Top
CIM LOGO