Taina BofferdingMéi Mixitéit op de Lëschte fir d'Gemengewalen néideg

Maxime Gillen
Serge Pauly
D'Inneministesch hält näischt dovun, dass méi Gemengen nom Majorzsystem solle wielen. Dat well de Proporzsystem hirer Meenung no "extreem transparent" ass.
Taina Bofferding fir méi Mixitéit op de Gemengewale-Lëschten
D’Inneministesch hält näischt dovun, dass méi Gemengen nom Majorzsystem solle wielen. Dat well de Proporzsystem hirer Meenung no “extreem transparent” ass.

Gemengewalen 2023 / Reportage Maxime Gillen

D’Gemengesyndicat Syvicol hat en vue vun de Gemengewalen den 11. Juni gefuerdert, datt méi Gemengen nom Majorzsystem solle wielen. Konkret sollt de Seuil un Awunner vu Gemengen, déi am Majorzsystem wielen, vun 3.000 op 6.000 eropgesat ginn. D’Ministesch huet allerdéngs net wëlles op dee Wee ze goen.

De Proporzsystem ass menger Meenung no nämlech extreem transparent an ass u sech och méi transparent wéi de Majorzsystem, well nämlech ganz kloer doraus ervirgeet, woufir déi eenzel Kandidatinnen a Kandidate stinn a mat wiem si och bereet sinn, eng Lëscht oder e Grupp dee Moment ze bilden. Well de Proporzsystem heescht net automatesch Parteie-System. Am Proporzsystem hunn d’Leit och duerchaus d’Méiglechkeet, och wa se a verschiddene Parteie sinn, zesummen op enger Lëscht ze kandidéieren an domat och schonn eng Richtung un ze ginn, mat wiem si bereet wieren, als Ekipp zesummen ze schaffen.”

Derbäi kéim, dass d’Leit jo souwisou d’Méiglechkeet hätten, Käpp ze wielen, andeem si panachéieren an hiert Kräiz net bei eng eenzel Lëscht maachen. Fir si géif d’Zukunft éischter a Richtung vun nach méi Proporzgemenge goen, well weider kleng Gemenge sech zesummendinn a fusionéieren.

Bei dëse Gemengewale wäerten dann och 10 Gemenge vum Majorz- an de Proporzsystem wiesselen. Dat sinn d’Gemengen Helperknapp, Parc Housen, Rouspert-Mompech, Schengen, Beefort, Bettenduerf, Esch-Sauer, Lëntgen, Réiden-Atert a Wuermer.

Wichteg ass der Taina Bofferding, déi jo och Ministesch fir d’Gläichstellung tëscht Mann a Fra ass, dass d’Kandidatelëschten d’Gesellschaft méiglechst gutt representéieren. Dat heescht dass och jonk Leit a Fraen hei vertruede sinn.

“Mir brauche méi Mixitéit an dat huet och, wëll ech ganz kloer soen, näischt mat Ideologie ze dinn. Well wa mer vu Frae schwätzen, da schwätze mer hei vun der Hallschent vun der Bevëlkerung, mir schwätzen net vun enger Minoritéit. An nëmmen d’Hallschent vun der Bevëlkerung, ass och nëmmen d’Hallschent vun eisen Iddien, nëmmen d’Hallschent vun eise Kompetenzen, vun eiser Energie anzesetzen, dat geet einfach net duer.”

Dofir lancéiert de Ministère dann och elo eng nei Campagne, fir déi eng 60 Fraen, déi aktuell an de Gemengen engagéiert sinn, interviewt goufen. Extraiten doraus sollen da virop op de soziale Medien diffuséiert ginn an anere Fraen deen néidege Coup de pousse ginn, sech selwer fir e Mandat opzestellen.

An enger ganzer Rei Gemenge geet d’Zuel vun de Gemengeréit erop, well d’Zuel vun den Awunner geklommen ass. Dorënner zum Beispill d’Gemeng Lëntgen, déi dës Kéier keng 9, mä 11 Conseillere wielt. Zu Stroossen klëmmt d’Zuel vun 13 op 15 an zu Péiteng vu 17 op 19 Gemengeréit. Aktuell lafen zwou Fusiounen, bei deene sech d’Gemenge Groussbus a Wal, genee wéi Bous a Waldbriedemes zesummendoen. Duerno ginn et dann hei am Land genau 100 Gemengen.

D’Inneministesch Taina Bofferding huet e Mëttwoch dann och déi wichteg Stéchdatumer en vue vun de Gemengewale presentéiert:

Wie fir e Gemengeposte wëll kandidéieren, muss sech bis den 12. Abrëll mellen. Den Dag drop ginn d’Lëschtennummere gezunn, déi dann esouwuel fir d’Gemengewalen am Juni, wéi och fir d’Chamberwalen am Oktober gëllen.

Net-Lëtzebuerger kënne sech iwwerdeems bis den 17. Abrëll aschreiwen, fir wielen ze goen. Dësen Delai gouf ëm 31 Deeg verlängert. Aschreiwe kann ee sech zu all Ament op der Gemeng oder online op MyGuichet.lu.

D’Convocatioune fir wielen ze goen, gi bis de 6. Juni verschéckt. D’Ministesch huet awer nach eng Kéier betount, dass een dës net brauch fir kënne wielen ze goen. Eng Carte d’identité oder e Pass geet duer.

Den 18. Mäerz gëtt et dann e groussen Aschreiwungsdag, wou d’Gemengen hir Dieren op engem Samschdeg dofir opmaachen.

Wie per Bréif wëll wielen, kann dat vum 20. Mäerz un ufroen. Fir Leit, déi hire Bulletin wëllen an d’Ausland geschéckt kréien, ass de leschten Delai fir d’Demande den 2. Mee. Fir Leit, déi hei am Land per Bréif wëlle wielen, ass et de 17. Mee.

Communiqué vum Inneministère an dem Ministère fir Gläichstellung tëscht Fraen a Männer

5 Méint virun de Gemengewalen: D’Ministesch Taina Bofferding stellt den Zäitplang, d’Haaptchifferen an d’Egalitéitsdéfie vir

D’WielerInnen erneieren den 11. Juni 2023 all d’Gemengeréit am Grand-Duché. D’Haaptdatummer en vue vun deem Walrendez-vous souwéi d’Haaptännerungen am Verglach mat de viregte Gemengewale stoungen am Mëttelpunkt vun enger Pressekonferenz, haut, am Inneministère. D’Ministesch Taina Bofferding huet vun der Geleeënheet profitéiert, fir, als Ministesch fir Gläichstellung tëscht Fraen a Männer, op d’Initiativen anzegoen, déi dëse Ministère ergraff huet, fir dass et zu enger besserer Mixitéit bei der Zesummesetzung vun de Gemengeréit kënnt.

Wat d’Organisatioun vun de Gemengewalen ugeet, huet d’Taina Bofferding op verschidden Haaptdatummer insistéiert, déi den Zäitplang definéieren. V.a. stellt de 17. Abrëll, de 55. Dag virun de Gemengewalen, de leschten Dag fir all d’net-lëtzebuergesch AwunnerInnen duer, déi sech op d’Wallëschten androe wëllen. Den Délai, fir sech anzeschreiwen, gouf ëm 31 Deeg par rapport zu de Gemengewale vun 2017 verlängert.

De leschten Datum fir den Dépôt vun de Kandidaturen ass op den 12. Abrëll festgeluegt ginn, an d’Zéie vun de Lëschtennummeren ass den Dag drop. D’Wallëschte ginn den 18. Abrëll publizéiert.

No de Wale mussen all déi nei Gemengeréit bis den 1. September spéitstens hir Aarbecht ophuelen.

Et ass ze bemierken, dass bei de Gemengewale vum Juni 2023 a 56 Gemengen nom Proporz- an a 46[1] Gemengen nom Majorzsystem gewielt gëtt. 1.121 Membere vu Gemengeréit sinn direkt ze wielen, wouvun d’Majoritéit vun den Neigewielten dem Grand-Duc an der Inneministesch d’Nominatioun vun 100 KandidatInne fir de Poste vum Buergermeeschter an 222 KandidatInne (maximal) fir de Poste vum Schäffe virschléit.

Woubäi de Moment nëmmen 280 Fraen a Gemengeréit sëtzen, dorënner 227 als Conseillèren (géintiwwer 533 Conseilleren), 37 als Schäffinnen (géintiwwer 189 Schäffen) a 16 als Buergermeeschteschen (géintiwwer 86 Buergermeeschteren). Et muss een also feststellen, dass d’politesch Vertriedung um lokalen Niveau nach ëmmer staark Ënnerscheeder tëscht de Geschlechter opweist. D’Grënn dofir si verschiddener: D’Frae si besonnesch Viruerteeler a Stereotypen ausgesat, wann et ëm hir Fäegkeeten a Kapassitéite geet, fir e lokaalt politescht Mandat ze besetzen. Dat sinn Obstakelen, déi si dacks leider dovun ofhalen, fir e lokaalt Mandat ze kandidéieren.

D’Ministesch Taina Bofferding huet op dee Phenomeen reagéiert, andeems si d’Campagne “Egalitéit liewen/Vivons l’égalité” lancéiert huet, déi ëm 3 Haaptachsen dréit: eng Campagne op de sozialen Netzwierker mat Témoignagë vu Fraen iwwer hir Experienzen als Gemengemandatairen, Portes ouverten an de Gemengen a Formatiounen. Dës Campagne gouf an enger Optik vun Nohaltegkeet geschafen a wäert deemno no de Gemengewale weidergefouert ginn.
D’Taina Bofferding hält fest: “D’Frae maachen d’Halschent vun der Bevëlkerung aus. Méi Mixitéit an de Gemengeréit ze fuerderen ass dofir och keng Fro vun Ideologie, mee vu Representatioun. D’Usiichten a Fäegkeeten vun der weiblecher Bevëlkerung beräicheren d’politesch Debatten a stellen dofir eng Ergänzung duer, déi net ignoréiert sollt ginn.”

[1] D’Gemenge Groussbus a Wal wéi och Bus a Waldbriedemes mussen all soulaang eenzel gezielt ginn, wéi hir Fusioun nach net Realitéit ass, wat eréischt vum 1. September 2023 un de Fall wäert sinn.

PDF: Presentatioun Presentatioun Zäitplang, Haaptchifferen an Egalitéitsdefie fir d'Gemengewalen.

Back to Top
CIM LOGO