Leschte Weekend war zu Biarritz am Südweste vu Frankräich e ganz besonnescht Event. D’Grande-Duchesse Maria Teresa huet eng Charity-Gala organiséiert, fir Sue fir hir Associatioun “Stand Speak Rise Up!” ze sammelen. Eng Associatioun, déi sech zanter 2019 fir Vergewaltegungsaffer an an aus Krichsgebidder asetzt. D’Associatioun huet si 2019 gegrënnt, nodeems si zu Lëtzebuerg ee Forum géint sexuell Gewalt organiséiert hat, dee bal 1.200 Leit zesummebruecht huet. D’Iddi fir dëse Kampf ass viru 6 Joer no engem Zesummentreffe mam kongoleesesche Gynekolog a Gewënner vum Friddensnobelpräis 2018 Denis Mukwege entstanen.
D’Stad Biarritz ass net ëmsoss als Bün fir dës Gala ausgewielt ginn. Et ass nämlech eng Stad, an där déi groussherzoglech Famill méi dacks Vakanz mécht - an et ass d’Stad, an där 2019 de G7-Sommet ofgehale gouf, bei deem d’Rechter vu Fraen an Affer vu sexueller Gewalt am Virdergrond stoungen.
Um Event hunn och eng Rei Affer deelgeholl, déi och selwer d’Wuert ergraff hunn. Ënnert anerem d’Ekhlas, wat mat 14 Joer am Irak entfouert gouf a wärend 6 Méint als Sex-Sklavin mësshandelt ginn ass. D’Sylvia gouf am Uganda vergewaltegt. Mat 17 Joer war sinn du schwanger vun engem vun hire Vergewalteger. D’Aina ass aus enger Vergewaltegung wärend dem Krich a Bosnien an Herzegowina entstanen. All dës Frae setze sech zesumme mat der Grande-Duchesse Maria Teresa fir dës Cause an.