2019 gouf hei zu Lëtzebuerg den éischte Forum “Stand Speak Rise Up” organiséiert. 50 Survivanten an 1.200 Leit haten dorunner deelgeholl, ënnert hinnen och dräi Fiddensnobelpräissgewënner den Dr. Denis Mukwege, d’Nadia Murad an de Muhammad Yunus. Doropshin huet d’Grande-Duchesse Maria Teresa d’Lëtzebuerger Associatioun “Stand Speak Rise Up” gegrënnt. An den 3 Joer zënter der Grënnung huet d’ASBL iwwer 350.000 Euro gesammelt an domadder 13 Projete finanzéiert.
De 15. Oktober gëtt am Hotel du Palais zu Biarritz eng Gala-Soirée organiséiert, fir weider Suen ze sammelen. Et soll den éischte vu ville Rendez-vousen am europäeschen Ausland sinn.