Déi huet de Sënn engersäits fir Visibilitéit vun der Communautéit ze suergen, déi queer Kultur ze feieren an awer och politesch Impulser ze setzen.
Fada’s Family an d’Delux Showgirls waren Deel vum Festival a sinn e Sonndeg opgetrueden. Déi zwou Travestie-Gruppen hu sech virun e puer Joer zesummegedoen. Si waren eng vun deenen éischte Gruppen zu Lëtzebuerg. Dat huet schonn an de 1970er Joren ugefaangen. Schonn do hu si als Pionéier, déi homosexuell Communautéit vertrueden. Duerno ass Rosa Lëtzebuerg dobäi komm an d’Pride ass doropshin entstanen, wéi d’Stad Esch sech mat hinnen zesummegedoen huet, fir eng offiziell a grouss Pride-Parad ze organiséieren.
Dëst Joer war et dann eng ganz Woch mat engem Festival als Ofschloss. Nieft Lëtzebuerger Kënschtler sinn och international Gäscht wéi de Boy George vu Culture Club an den Daniel Schumacher opgetrueden.
7.000 Leit waren um Samschdeg dobäi, 2.500 Visiteure si sonndes kucke komm.
Invité vun der Redaktioun - Andy Maar
RTL-Artikel: Pride Month: Et ass een Zeeche géint den Haass a fir Akzeptanz vun alle Mënschen