No zwee Joer Corona-Paus war e Samschdeg zu Esch nees d’"Pride Parade”. Dëst Joer allerdéngs bewosst ënnert dem Numm “Equality March”.
D’Zil vun der Parad ass et, fir Siichtbarkeet ze suergen an dat och fir déi Leit, déi net der heterosexueller Norm entspriechen oder sech mat kengem bestëmmte Geschlecht identifizéieren. Heifir gëtt dann de vaste Begrëff “queer” benotzt. D’Queer-Community ass dobäi zimmlech divers, de gemeinsamen Nenner ass awer de Wonsch no Toleranz an Akzeptanz.
Lëtzebuerg steet am Internationale Verglach a punkto Gläichberechtegung mat der 5. Plaz net esou schlecht do, ma et wier nach Sputt no uewen, sou den Organisateur Andy Maar.
“Ënnert anerem déi automatesch Eltereschaftsunerkennung fir gläichgeschlechtlech Koppelen, den Erhalt vu queere Save-Spacen, genausou wéi e Verbuet vun net medezinesch noutwendegen Operatiounen un intergeschlechtleche Leit, ouni hiert Averständnis, genausou wéi méi Geschlechtoptiounen am Etat civil.”
Pride, LGBTQ oder Queer - et si Begrëffer, mat deenen net jiddereen direkt eppes ufänke kann, ma de Grondgedanke vun der Pride-Beweegung léisst sech méi einfach resuméieren: Pride heescht houfreg a bei der Pride Parade geet et de Participanten ëm Akzeptanz, och géintiwwer vu sech selwer.