Dat sot e Méindeg de Moien den Andy Maar, Member am Verwaltungsrot vun der ASBL Rosa Lëtzebuerg. Hie war eisen Invité vun der Redaktioun.

E positive Bilan zéien d'Organisateure vun der Lëtzebuerger Pride Week. Dausende Leit hätten un de ganz ënnerschiddleche Manifestatiounen iwwer 10 Deeg laang Deel geholl. A besonnesch de Pride March leschte Samschdeg zu Esch hätt ronn 3500 Leit ugezunn.

Invité vun der Redaktioun: Andy Maar

D'Pride wier ëmmer nach wichteg – och am Joer 2022 zu Lëtzebuerg - fir engersäits politesch Messagen eriwwerzebréngen an anerersäits d'Queer-Kultur ze verbreeden an d'Visibilitéit vun der LGBTIQ+ Communautéit ze promouvéieren. Dat sot den Andy Maar vun der Associatioun Rosa Lëtzebuerg, déi sech fir d'Rechter vun Homo-, Bi-, Trans- an Intersex-Persounen asetzt. Hie war eisen Invité vun der Redaktioun.

Et ginn och hei am Land ëmmer nach vill Chantieren, wat d'Gläichstellung ugeet. Bestueden an Adoptéieren ass zwar zanter Jore fir gläichgeschlechtlech Koppele méiglech, mee nach ëmmer géing et keng automatesch Elteren-Unerkennung ginn. Wann eng homosexuell Koppel e Kand kritt, da misst den zweeten Elterendeel ëmmer nach eng Adoptiounsprozedur duerchlafen, wat meeschtens och nach ganz laang géing daueren. Donieft géing et am Grand-Duché och ëmmer nach un sougenannten "Safe spaces" feelen. Dëst si Plazen, wou queer Persoune sech esou kënne ginn a liewen, wéi se sinn, ouni ze fäerten, jugéiert ze ginn. Plazen, wou een sech ka begéinen a kenneléieren. An der Queer-Geschicht sinn dëst dacks Caféen a Baren, well et soss keng aner Méiglechkeete goufen. Mä dëst kéinten awer och zum Beispill Centre Culturelle sinn, sou den Invité.

E grousse Challenge wier och nach ëmmer, dass d'Gesondheetskeess ee psychiatresche Rapport freet, wann eng Persoun versicht hiert Geschlecht ze änneren. Dat heescht et misst eng psychiatresch Stéierung diagnostizéiert ginn, fir dierfen e Remboursement ze kréien. An dat wier an der Wëssenschaft scho längst net méi noutwenneg, sou den Andy Maar.

An de Schoule missten d'"LGBTIQ+"-Themen nach méi verwuerzelt a konsequent an den Unterrecht mat agebonne ginn. Donieft wier et sou, dass et nach ëmmer just zwou Zorten Toilettë gëtt. Do bräicht et eng drëtt Zort fir Persounen, déi sech weder als männlech, nach als weiblech gesinn. Dat nämmlecht wier et fir d'Ännerungen am Etat Civil. Do bräicht et weider Geschlechts-Optioune fir de binäre System opzebriechen.

Eng kleng Ouverture hätt et ginn a Punkto Bluttspende fir homosexuell Männer. Et wier ee sech mat der Croix Rouge eens ginn, dass homosexuell Männer elo dierfe wäiss Bluttplättercher spenden, och wann et ee Kontakt tëscht zwee Männer bannent 12 Méint ginn huet. Par contre géingen d'Plättercher dann nach a Quarantaine leien, bis een zweeten Test gemaach gouf. Déi Voll-Bluttspend wier och méiglech, déi néideg Tester géingen et ginn, mee do géing een nach waarden op ee Kompensatiousfong vun der Regierung, sou den Andy Maar.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.