RéckruffMéiglech metallesch Friemkierper a Croissante vun Nutella

RTL Lëtzebuerg
D'Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire rifft e Produit zeréck, deen op ville Plazen am Land verkaf gouf.
© RTL-Grafik

De Réckruff betrëfft Croissante vun der Mark Nutella mam Mindesthaltbarkeetsdatum vum 07/05/2027 an der Lot-Nummer L127Z39- . De Code barre vum betraffene Produit ass 8000500413654.

D'Croissante vun Nutella, déi am Véiererpak verkaaft goufen, waren uechter d'Land op enge sëllege Plazen ze kréien, ier se aus de Regaler geholl goufen. Wie se doheem huet, dee soll se op kee Fall iessen. Sollt ee se awer giess hunn an de Verdacht hunn, sech dobäi wéi gedoen ze hunn, soll ee bei en Dokter goen an him d'Ëmstänn erklären.

All d'Detailer fannt Dir och hei um Site vun der Liewensmëttelsécherheet.

Back to Top
CIM LOGO