
Den 3. Juli gëtt den nationale Warn-System nees getest. Nieft de Sireene gëtt och d’App GouvAlert op seng Funktionalitéit iwwerpréift.
Plazeweis ginn och Warn-Smsen erausgeschéckt. Wéi eng Gemengen dovunner betraff wäerte sinn, gëtt am Virfeld allerdéngs net matgedeelt.