Wat dem Mënsch gefält, ass awer net onbedéngt gutt fir d’Natur an an dësem Fall och net fir d’Waasserreserven.
Waarm Temperaturen, ze wéineg Reen: Vun elo u soll ee méi lues maache mam Waasserverbrauch Nach si mer net an enger Situatioun, déi alarmant ass. Nach ass et net néideg, datt d’Gemenge Restriktioune beim Verbrauch vum Krunnewaasser decidéieren, seet den Tom Schaul aus dem Ëmweltministère.
Et stellt een awer fest, datt dee Verbrauch an d’Luucht geet, wann et méi laang dréchen ass. Et wier wichteg, datt d’Leit sech bewosst sinn, datt Krunnewaasser Drénkwaasser ass an datt ee responsabel domadder muss ëmgoen:
“Wa mer elo net handelen, fir Waasser ze spueren, da riskéiere mer an Zukunft an eng Situatioun ze kommen, wou et vill méi déifgräifend Konsequenze ginn. Elo kënne mer nach duerch einfach Geste Waasser spueren. Dat si Geste wéi zum Beispill den Auto net doheem ze wäschen, mä an eng Autowäschanlag ze goen, vläicht manner Zäit an der Dusch ze verbréngen oder de Gaart owes ze netzen an net an der praller Sonn.”
An der Natur mierkt ee schonn, datt dat dréchent Wierder Konsequenzen huet. D’Wise si schonn net méi sou gréng an de Buedem bascht, well e sou dréchen ass. Fir d’Landwirtschaft bedeit dat, datt si sech un déi Situatioun muss upassen, heescht et vum Christian Wester, dem President vun der Bauerenzentral.
“Dat ass eise Beruff. Et ass eise Metier, fir mam Wieder a mat der Natur ze schaffen a wa mer gesinn, datt déi sech verännert, musse mer do mat Schrëtt halen.”
Änlech Téin kommen och aus dem Wäibau.
De Serge Fischer aus dem Institut Viti Vinicole: “Fir d’Zukunft gesäit et esou aus, datt et méi dacks extreemt Wieder gëtt. Dat heescht laang dréchen, dann erëm extreem Nidderschléi an dat bedeit natierlech och eng entspriechend Upassung. Zum Beispill méi Begrünung, och Richtung Bewässerung goen. Dat schéngt international gekuckt am Wäibau d’Richtung ze sinn.”
Dat dréchent Wieder an de leschte Wochen huet dem Wäibau awer op kee Fall geschuet.
“Et ass alles am grénge Beräich”, heescht et vum Serge Fischer.