Waarm Temperaturen, ze wéineg ReenVun elo u soll ee méi lues maache mam Waasserverbrauch

RTL Lëtzebuerg
Den zoustännege Ministère an d'Waasserverwaltung hunn e Mëttwoch en Appell lancéiert, vun elo un, d'Waasser net méi onnéideg ze verbëtzen.

Och wann am Fréijoer relativ vill Néierschlag erofkomm ass, ass d’Grondwaasser-Neibildung an de Wanterméint am Verglach zu der Period virdrun ëm 30 Prozent zeréckgaangen. De Summer 2022 war deemno därmoossen dréchen, datt de Buedem net genuch Waasser opgeholl huet. Dat heescht, dass d’Grondwaasserreserv sech vill ze spéit, am Fréijoer 2023, eréischt gefëllt huet. Dobäi kënnt dann och nach en ongewéinlech sonnege Februar, sou dass de reenerege Mäerz net duergaangen ass.

De Klimawandel wäert dëse Phenomen an Zukunft wuel nach verstäerken. Et ass also wichteg, elo scho méi iwwerluecht ze handelen. An deem Kader gouf elo e Flyer publizéiert, op deem d’Leit drop higewise ginn, wéi si elo scho méi lues kënne maache mam Waasserverbrauch an een esou gutt duerch de Summer kënnt.

  • vermeiden, seng Wiss ze netzen
  • seng Planzen am Gaart moies oder owes netzen, beschtefalls Reewaasser benotzen
  • den Auto an enger Wäschanlag oder enger Statioun botzen
  • keng Schwämmen doheem opriichten, ma déi ëffentlech notzen
  • léiwer dusche wéi bueden
  • d’Wäschmaschinn an d’Spullmaschinn just da lafe loossen, wa se ganz voll ass

Link: Liest hei dat offiziellt Schreiwes

Back to Top
CIM LOGO