D’mental Gesondheet vun deene Jonken huet sech verschlechtert zu Lëtzebuerg. Dat huet de Gesondheetsministère eis confirméiert a bezitt sech op d’HBSC-Etüd, Recommandatioune vum Conseil scientifique an de Joresrapport vum Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher Okaju.
Am Summer hu Fuerscher an der medezinescher Fachzäitschrëft The Lancet Alarm geschloen: d’mental Gesondheet bei Jonken a jonken Erwuessenen huet sech iwwert déi lescht 20 Joer staark verschlechtert, den Handlungsbedarf ass dréngend. E Bild, dat och déi Professionell hei am Land confirméiere kënnen, sou d’Kanner- a Jugendpsychiaterin a Sekretärin vun der Gesellschaft vun de Psychiater, Pedopsychiater a Psychotherapeuten SLPPP Dr Salima Aarab.
“Effektiv hat sech den Zoustand, den séilegen Zoustand vu Kanner a Jugendlechen a jonken Erwuessenen immens verschlechtert, déi leschte Joren oder Joerzéngten. Sou wësse mir, dass zum Beispill d’Prävalenz vu psychesche Stéierungen, déi virdrun ëmmer um déi zwanzeg Prozent gewiescht ass, elo op drësseg Prozent opgestigen ass. Mir wëssen, dass extreem déi Depressiounen, Angschtstéierungen, Iessstéierungen extreem zougeholl hunn, insbesondere bei de Meedercher.”
Och de Gesondheetsministère weist drop hin, datt Meedercher besonnesch zanter der Pandemie méi staark betraff sinn. D’Donnéeë vum Gesondheets- a Sozialministère weisen zum Beispill och, datt méi Meedercher wéi Jongen a Frae wéi Männer 2023 an enger Psychotherapie waren.
Bis zu 75 Prozent vun de psychesche Stéierunge géinge virum 25. Liewensjoer ufänken, sou d’Dr Salima Aarab. Se kéinten a verschiddene Fäll en déidleche Verlaf hunn, awer och en negativen Impakt op d’Schoulkarriär an duerno d’Aarbecht mat de sozio-ekonomesche Problemer, déi dat mat sech bréngt.
“Dofir ass dat effektiv e ganz, ganz alarmant Zeechen, wann déi psychesch Problemer, déi effektiv dee gréisste Problem sinn, an dem jonken Alter, wann déi esou zougeholl hunn.”
Och bei der Schülerkonferenz CNEL huet ee sech an der leschter Zäit vill mat der mentaler Gesondheet vun de Jonke beschäftegt. Et géing de Schüler ëmmer manner gutt goen, seet d’CNEL-Vizepresidentin Laly Chivard, an et géing ëmmer méi jonk ufänken.
“Mir wëssen net, ob et genee wéinst der Schoul ass, oder, also net nëmme wéinst der Schoul, mee och mam Mediekonsum, mat alles, wat dobaussen an der Welt leeft, dat ass leider en immens fetten Drock, deen d’Jugendlecher an d’Schüler net ëmmer kënnen aushalen, well hir Zukunft awer extreem flou ass.”
Fir d’CNEL ass ee Problem, datt et an de SEPASen, fréier SPOS, an de Schoulen net genuch Disponibilitéite ginn. 200 Psychologe schaffen an de Lëtzebuerger Schoulen, sou den Educatiounsministère. D’psychologesch Servicer an de Schoule kéinten awer och net alles ofdecken, seet d’Dr Salima Aarab. De Problem wier och, datt d’ambulant Offer limitéiert wier, sou dass et fir d’Schoulen och net ëmmer einfach wier, d’Schüler weider ze vermëttelen.
“Mir gesinn och, dass generell ganz vill méi Demande do ass, souwuel wat d’Hospitalisatiounen ubetrëfft, awer och ambulant Behandlungen, dass ganz vill Kanner, Jugendlecher, awer och jonk Erwuessenen net eng Plaz kréien, déi si bräichten.”
Op Nofro beim Gesondheetsministère, wéi laang Kanner a Jonker op eng Prise en Charge waarden, heescht et, dass et beim CHL a bei den Hopitaux Robert Schuman keng Waardelëschte fir psychotherapeutesch Behandlunge géinge ginn. Wat déi aner Psychotherapeuten an d’Psychiatrie ugeet, hätt ee keng Donnéeën dozou.
D’Grënn dofir, firwat d’mental Gesondheet vun deene Jonke méi schlecht ginn ass, si verschidden, sou d’Dr Salima Aarab. Duerch de gesellschaftleche Wandel sinn d’Famille méi kleng ginn, d’Eltere musse méi schaffen an heefeg géingen d’Kanner manner gutt Bindungen opbauen. D’Corona-Pandemie hat en negativen Impakt, besonnesch op Meedercher a jonk Fraen, awer och d’Digitalisatioun.
“D’Kand huet haut ganz fréi ganz vill Accès op ganz vill Informatiounen, op schwéier Informatiounen, déi et vläicht net verdaue kann, déi et net gläich beschwätze kann, déi net gefiltert sinn, duerch eng erwuessene Persoun, déi weess, wéi si mat him schwätze kann.”
Ee Facteur ass awer och de Manktem un Zukunftsperspektiven. Si géing e gewësse Pessimismus bei der jonker Generatioun feststellen, sou d’Dr Salima Aarab, ënnert anerem wéinst Klimawandel a Kricher. Dobäi hätten déi Jonk d’Gefill, dass si net gehéiert ginn.
“Letztlich, glaub ich, ist die Jugend jetzt nicht die Majoritéit. Und d’Kanner hunn och net déi beschte Lobby. Dat muss man einfach soen. An ech denk, dat ass schonn e Punkt, dee méi vernoléissegt gëtt, jo. Also dat ass effektiv eppes, wou och méi mat Kanner a Jugendleche geschwat gi muss. Si mussen och dee ganzen Demokratieprozess, da méi mat agebonne ginn.”
An de Recommandatiounen am uewe genannte Rapport am The Lancet gëtt der Politik och kloer recommandéiert, op Problemer wéi d’Klimakris, sozial Medien a Smartphonen, awer och intergenerationell Ongerechtegkeeten an d’Logementskris anzegoen, fir d’mental Gesondheet vun de Jonken ze verbesseren.
Op Nofro beim Gesondheetsministère, ob dës Facteure consideréiert ginn, heescht et, datt den negativen Impakt vu soziale Medien a Smartphonë bei der Politik ronderëm d’mental Gesondheet vun de Jonke consideréiert gëtt.
Op déi aner Punkte geet de Ministère net an.