CSVMesurëpak géint d'Präisdeirecht vun den Energiepräisser

Fanny Kinsch
D’CSV huet um Mëttwoch e Mesurëpak presentéiert, mat deem op d'Deierecht vun den Energiepräisser soll reagéiert ginn.
CSV: Mesurëpak géint d'Präisdeirecht vun den Energiepräisser
D’CSV huet um Mëttwoch e Mesurëpak presentéiert, mat deem op d’Deierecht vun den Energiepräisser soll reagéiert ginn.

CSV presentéiert Mesurëpak / Reportage François Aulner

D’Regierung géing nämlech der Präisexplosioun einfach nokucken an näischt maachen, sou d’Oppositiounspartei.

D’CSV proposéiert 4 konkret Mesuren: éischtens soll d’Kilometerpauschal - d’steierlech Vergënschtegung fir den Trajet vun Doheem bis op d’Aarbecht - vun aktuell 99 Euro pro Kilometer op 125 Euro eropgesat ginn.

Donieft fuerdert d’CSV, datt d’Kilometergeld am ëffentlechen Déngscht vun 30 Cent op 40 Cent eropgesat gëtt.

Heizueleg a Gas sollen der Oppositiounspartei no iwwerdeems fir begrenzten Zäit gedeckelt ginn. An zu gudder Lescht proposéiert d’CSV, fir den Accès zur Allocation Vie Chère net méi op de Mindestloun ze berechnen, mee op de qualifizéierte Mindestloun.

PDF Schreiwes

Back to Top
CIM LOGO