
Betraff sinn d’Produiten “Sainte Maure”, “Fromage de chèvre” an “La Bûche Fondante”. Déi metalle Stécker an de betraffene Kéis-Zorte kënnen Erstécken oder ënnerlech Verletzungen ervirruffen.

De Kéis “Sainte Maure” gouf a verschiddene Butteker hei am Land verkaf: Alima, Cactus, Cora, Delhaize, Match, Smatch, Pallcenter, Epicerie Food 2Go (Bäreldeng), Epicerie Am Duerf (Schrondweiler), Epicerie Billa - Bonissim sàrl (Wuermer), Epicerie Massen (Wemperhardt).
De “Fromage de chèvre” gouf am Cactus verkaf an de Président-Produit “La Bûche Fondante” am Auchan.
Et kann net ausgeschloss ginn, dass sämtlech betraffe Produiten och op anere Plazen ugebuede goufen.