
Bis e Mëttwoch den Owend 19 Auer ass deemno mat Temperature vun 30 bis 32 Grad ze rechnen. Et gëllt dowéinst eng Alerte Jaune.

Reen ass iwwerdeems fir déi nächst annerhallef Woch keen en vue. Dëst mécht virun allem der Landwirtschaft Suergen. Vill Bauere rechne schonns bei de Käre mat Abousse vu bis zu 50 Prozent.
Beim Geméis wier et quasi guer net méi dran iwwerhaapt nach eppes ze produzéieren an an de Wéngerte stellt ee sech op manner déck Drauwen an.
A Spuenien an a Portugal gëtt d’Hëtzt e Mëttwoch iwwerdeems richteg desagreabel. Zu Madrid ginn iwwer 40 Grad virausgesot. A Südfrankräich sinn uerg Bëschbränn am Gaang. Verschidde Viruerter vu Bordeaux hu scho missten evakuéiert ginn.
TRAFIC: Aktuell Informatioune mat Kaart a Kameraen.
METEO: Wéi ass d’Wieder, wéi gëtt d’Wieder?
Wéi ass déi aktuell Loftqualitéit?