
Am Laf vum Donneschdegmoien annoncéiere sech Donnerwiederen, déi och alt mol méi kräfteg kënnen ausfalen. Ufanks hat d’Meteolux nach gemellt, d’Alerte géif just bis 14 Auer goen. Dës gouf awer elo fir dat ganz Land geännert an d’Alerte jaune gëllt elo um Donneschdeg tëscht 10 Auer a Mëtternuecht. Meteolux geet vu bis zu 40 Liter Reen de Metercarré aus, déi lokal dra wieren.
Wie sech en Donneschdeg den Owend d’Freedefeier an der Stad wëll ukucken, riskéiert also, naass ze ginn.
Den däitsche Wiederdéngscht huet déi selwecht Donnerwiederwarnung iwwerdeems och erausgi fir de Süden an den Zentrum vun Däitschland. Do ass plazeweis dann och staarke Wand dran, dee bis 100 Stonnekilometer a méi soll erreechen.
A Frankräich ware fir an der Nuecht op en Donneschdeg am ganzen 19 Departementer an eng Alerte orange gesat ginn. Vu Frankräich erfort erreechen eis dann en Donneschdeg de Moien eben och déi Donnerwieder-Zellen.