
Déi national Wiederagence Meteolux mellt fir de Süde vum Land eng Alterte jaune, dat tëscht 14 an 19 Auer. Temperaturen ëm 30 Grad wiere méiglech. Den Norde vum Land ass vun der Warnung net betraff. Och den Donneschdeg bléift et mat Temperaturen tëscht 27 an 29 Grad nach waarm, eng Alerte gëtt et fir den Ament awer nach net.
Vun e Freideg u killt d’Wieder nees e bëssen of mat Temperaturen tëscht 24 a 26 Grad, ier se dann e Samschdeg an e Sonndeg just nach bei ronn 20 Grad leien. E Méindeg kéinten et da souguer just nach ëm déi 17 Grad ginn.