ËmweltklinikMëtt Mee kritt Ministère detailléiert Konzept virgeluecht

Claudia Kollwelter
Dat Äntwert d'Ministesch Paulette Lenert op Interpellatioun vum gréngen Deputéierte Marc Hansen.

Wéi steet et ëm de Projet vun der Ëmweltklinik zu Esch? Déi Fro gouf en Dënschdeg méi wei eemol an der Chamber opgeworf, wou et an enger Interpellatioun vum Marc Hansen vun déi Gréng méi generell ëm d’Ëmweltmedezin goung. No engem Reportage d’lescht Woch bei eise Kolleege vun der Tëlee iwwert d’Ëmweltspidol huet d’Gesondheetsministesch Verschiddenes wollte kloerstellen.

Ëmweltmedezin a -Spidol / Reportage Claudia Kollwelter

Si wier frou festzestellen, datt et e ganz breede Konsens iwwert d’Wichtegkeet vun der Ëmweltmedezin géif ginn, huet d’Paulette Lenert betount. Et wier fir si net just eng politesch, mä och eng Häerzensugeleeënheet. An dat wier et och fir den neien Direkter vum Escher Spidol.

Ech ka confirméieren, datt et just Rumeure sinn, datt Esch oder den Dr. Metz net interesséiert wieren. Am Géigendeel hien huet sech intensiv domat auserneegesat an eng Partie Schrëtt ënnerholl, fir datt de Projet weiderkënnt. An en huet do meng ganz Ënnerstëtzung.

Am Regierungsprogramm wieren eng Partie Prinzippie festgehale ginn an déi wieren absolut net a Fro gestallt. Et géif een dat ëmsetzen, wat ee sech virgeholl hätt. Mä d’Pandemie hätt natierlech do en Impakt drop gehat a géif och lo nach vill Ressourcen ofverlaangen. D’LSAP-Ministesch huet ënnerstrach, datt een natierlech léiwer um Dossier Ëmweltmedezin wéilt schaffen. Mëtt Mee soll en detailléiert Konzept dem Ministère virgeluecht ginn.

En detailléiert Konzept, wéi d’Prise en charge soll ausgesinn an ëmgesat ginn. D’Konzept gëtt vun engem kompetente Service aus dem Ausland begleet. Alles dat ass am Lafen.

Dat Konzept hätt si awer nach net gesinn a si géif näischt jugéieren, wat virun engem Mikro gesot gi wier an géif dofir d’Deadline vum Mee ofwaarden.

RTL-News: Vernetzen, net plangen - Neie Generaldirekter vum Chem wëll den Ament keng Ëmweltklinik

PDF: De Communiqué vun

Back to Top
CIM LOGO