Keng Sécherheetsproblemer méiMinigolf an der Péitruss mécht am August nees op

Lisa Weisgerber
Zanter méi wéi engem Joer steet de Minigolf an der Péitruss prett, ouni datt bis elo do konnt gespillt ginn.
© Lisa Weisgerber
Minigolf an der Péitruss mécht am August nees op
Zanter méi wéi engem Joer steet de Minigolf an der Péitruss prett, ouni datt do gespillt ka ginn.

Sécherheetsproblemer um Fiels hunn d'Ouverture bis elo verhënnert. Et gouf no enger Léisung gesicht an dës gouf och fonnt, esou datt de Site nach dëse Summer seng Dieren opmaache kann.

Fir d'Sécherheet vun de Visiteuren ze garantéieren, gëtt e speziellen Zonk opgeriicht, dee verhënnere soll, datt d'Leit ze no un de Fiels kommen. Tëscht dëser Ofgrenzung an dem Fiels gëtt Sand ausgebreet, deen de Risiko reduzéiert, dass Steng, déi eroffalen, weider sprange kënnen. Den Zonk gëtt vun der Stad Lëtzebuerg opgeriicht a wäert ronn 76.000 Euro kaschten. Wat de Fiels an deem seng Sécherung betrëfft, läit d'Aufgab bei de Ponts et Chaussées. Déi sollten och nach ee Sécherungsnetz um Fiels ubréngen.

Wéinst dëse Mesurë kënnen dëst Joer nëmmen 9 vun den insgesamt 18 feste Piste genotzt ginn. Fir d'Offer awer auszebauen, kommen nach 3 mobil Pisten dobäi. Dës supplementar Bunne kaschten d’Stad nach eng Kéier ronn 3.500 Euro. Mee domat stinn de Spiller am Ganzen 12 Bunnen zur Verfügung.

No laangem Waarde begréisst de Gerant vum Minigolf dës Entwécklung. Och d'Stad Lëtzebuerg weist sech zefridden, datt eng Léisung fonnt gouf. D'Buergermeeschtesch Lydie Polfer hofft, datt déi aktuell net zougänglech Pisten, oder op d'mannst Deeler dovunner, schonn d'nächst Joer nees kënnen opgoen. D'Decisioun läit awer net eleng bei der Gemeng, well de Fiels an der Responsabilitéit vun de Ponts et Chaussées läit.

D'Ouverture ass fir den Ufank vum Kollektivcongé geplangt. Dëse fänkt den 31. Juli un.

Back to Top
CIM LOGO