
Den Educatiounsministère géif aktuell keng Necessitéit fir e generellen Handyverbuet gesinn. Dat well de Gebrauch vum Handy wärend dem Unterrecht an alle Schoule per Reglement grand-ducal verbueden ass.
Intern kënnen d’Lycéeën den Notze vum Handy de Realitéiten am Alldag upassen, eppes, wat an de meeschte Schoulen och gemaach géif ginn.
De Lycée Ermesinde zu Miersch huet d’Decisioun, de Gebrauch vu Handyen a Laptoppen anzeschränken, am Kader vu senger Autonomie geholl.
“De Ministère huet Kenntnis dovu geholl, datt de Lycée op dee Wee am gaangen ass a wäert och spéiderhi mat der Direktioun de Point maachen iwwer d’Erfarungen, déi d‘Schoul mat der Reegelung mécht.“
Dat,wou elo de Lycée Ermesinde decidéiert huet, gëllt fir Schüler vu Septième bis Quatrième. D’Decisioun wier d’Resultat vun engem breede Reflexiounsprozess iwwer 2 Joer, deen notamment als Zil hat, de Spezifizitéite vum pedagogesche Konzept vum Lycée besser Rechnung ze droen, esou den Educatiounsministère. Digital Medie géifen net a Fro gestallt ginn, et géing virun allem drëms goen, den abusive Gebrauch vun de mobille Geräter anzeschränken. Am pedagogeschen Alldag wier de PC als Hëllefsmëttel weider am Asaz.